Wierder & Musek: Serge Tonnar
Clip: Jacques Molitor
De Film dozou: vimeo.com/138415111
1
Wat ass schonn en Haus wa kee méi dra wunnt
Wat ass eng Stad wou se all ausgezunn
Wat ass e Pëtz ouni Waasser a Gronn
E Kierchtuerm wou d’Klacken net lauden all Stonn
Wat ass e Schëff ouni Steier am Stuerm
An ouni Feier wat ass dann de Liichttuerm
E Karussell wa keng Kanner do sinn
Ass dat nach e Wee, dee féiert néierens hinn
2
Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen
Mäin Numm ass just e Wuert mat deem dir mech wëllt vernennen
Dee Mënsch deen ech mol wor ass am gaange fort ze rennen
Dir braucht och net ze maachen wéi wann der mech géift gutt kennen
Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen
Ech muss ëmmer erëm fort an da bleiwen ech kuerz stoen
Dann dréinen ech mech em fir de Wee zeréck ze goen
Ma ech muss ëmmer méi wäit an och ëmmer vill méi laang goen
Bonjour an Awuer, ech muss mech vu mir trennen
Dir braucht awer nach net all meng Saachen ze verbrennen
Bleift nach e bëssen hei och wann ech iech net gläich erkennen
Well ech kommen heiansdo erëm an u wee soll ech mech da wennen
Bonjour an Awuer, ech muss mir selwer Äddi soen
Ech weess net ween ech sinn an ech kann des Welt net verstoen
Ma wee weess scho ween en ass, wee kann dat vu sech soen
A wee ka vu sech soen dass en des Welt ka verstoen
Chouer
Bonjour an Awuer, Bonjuer Awuer
Ech muss mech vu mir trennen
3
Am Haus wou kee méi wunnt do ass Plaz méi wéi genuch
An déi verloosse Stad kënnt d'Natur nees op Besuch
An de Pëtz ouni Buedem ass an d'Onendlecht gewuess
A wann d’Klacken net lauden vergeet d’Zäit méi lues
An e Schëff ouni Steier geet duer wou et wëllt
An de Liichttuerm deen aus ass weist de Wee bei d’Stëllt
Um Karussell ouni Kanner fueren déi Al elo drop
An de Wee deen néierens féiert hällt och néierens op
A Gedenken un d’Madame Anna Ginter-Dondelinger, 1927 - 2015
Mam :
Jos Olinger
Néckel Conrad
Anna Ginter
Marianne Schaul
Doris Eisenmenger
Geschriwwe vum : Serge Tonnar
Realisatioun, Kamera, Toun, Schnëtt : Jacques Molitor
Zousätzlech Kamera : Serge Benassutti, Rae Lyn Lee
Tounmix: Serge Tonnar
Toun Neimënster : Yves Bemelmans
Mix Lidd : Mike Butcher
Master Lidd: Alan Ward
Technik :
Lemon Event Solutions, Arri, Steadimages
Merci un :
Alain Tapp, Michèle Halsdorf, Lydie Diederich (ALA)
Jang Hamen (Claire asbl)
Vibeke Walter (RBS)
Camille Kerger (INECC)
Viviane Thill (CNA)
Attractions Kopp
Jon Hames (VDL)
Lalala Chouer: Sam Grüneisen, Greetje Maes, Bernadette Maas, Michèle Halsdorf, Carol Streff, Jeanne Gengler, Kristina Hoffmann, Lydie Diederich
Legotrip: Rom Christnach, Misch Feinen, Eric Falchero
All eis Choristen an der Abtei
Philippe Kohn, Rosch Hamen, Laurent Ernzer, Christian Pannrücker,
Abtei Neimënster,
Josy & Arlette Bingen
E besonnesche Merci un d'Awunner an d'Equipe vum Foyer Goldknapp
Archiver :
Centre national de l’audiovisuel
Collections Carlo Olinger, Gilbert Beissel,
Antoine Wengler, Emile Hansen
Негізгі бет Музыка Bonjour & Awuer
Пікірлер: 46