Léif Kanner,
Wéi Dir et sécher wësst ass dëst Joer alles anescht an ech dierf Iech leider net besiche kommen.
De Corona-Virus ass och fir mech an den Houséker ganz geféierlech (trauregen Toun) a mir mussen eis och un Distanzregelen halen.
Et ass mir awer zu Ouere komm, datt dir Iech dëst Joer extra gudd geschéckt hutt a Villes hutt misse mat maachen. Dofir hunn ech Iech eppes Klenges mat bruecht a wënschen haut op dësem Wee eng gudd Gesondheet a schéi Feierdeeg!
De Kleeschen
Негізгі бет Kleeschen Gemeng Käerjeng 2020
Пікірлер